Radioen

On air

De Weekend  |  Them Lights - Lovesick (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bauereprotester a Frankräich gi virun

Géint de Fräihandelsaccord Mercosur

Bauereprotester a Frankräich gi virun

D'Bauereprotester a Frankräich ginn haut um Mëttwoch virun. Dat fir den drëtten Dag hannereneen. D'Gewerkschaft Coordination rurale huet haut gréisser Aktioune besonnesch am Südweste vum Land ugekënnegt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak
Foto: picture alliance / NurPhoto | Michel Stoupak

Déi franséische Bauere protestéiere géint dee geplangte Mercosur-Fräihandelsaccord tëschent der EU a latäinamerikanesche Länner. D'Federatioun vun de franséische Bauere-Syndikater schwätzt vun enger éischte Victoire bei de Protester. Dat nodeems d'Regierung annoncéiert huet, datt d'nächst Woch an der Assemblée National eng Debatt an e Vott iwwer Mercosur soll sinn.