Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
search

/ Belsch: Maxime Prévot soll nei Regierung verhandelen

Nom Echec vun der éischter Verhandlungsronn

Belsch: Maxime Prévot soll nei Regierung verhandelen

De belsche Kinnek huet de Maxime Prévot vun der Mëtt-riets-Partei Les Engagés als neien Negociateur ernannt. Hien iwwerhëlt elo d‘Diskussioune fir eng nei Regierung ze forméieren. Den Donneschdeg war kloer ginn, datt déi éischt Verhandlungsronn gescheitert ass.

auto_stories

1 min

Belsch | © Patrick Robert Doyle
Foto: Patrick Robert Doyle

Den neien Negociateur kritt ronn 10 Deeg Zäit fir dem Kinnek säi Rapport virzeleeën. D‘Verhandlunge riskéieren awer méi laang ze daueren. An de Joren 2010-11 hat et 541 Deeg gedauert, bis d‘Belsch eng nei Regierung hat.

Bei der éischter Verhandlungsronn elo, déi de flämesche Konservative Bart de Waver vun N-VA am Juli ugefaangen hat, konnt keen Accord fonnt ginn. Nieft Les Engagés an der N-VA sinn dräi aner politesch Formatiounen am Prinzip d‘Accord, zesummen ze regéieren – an zwar déi Liberal MR an, op flamännescher Säit, d‘Chrëschtdemokraten an déi fréier Sozialisten.