Radioen

On air

9 bis 1  |  Yannis and The Yaw - Under The Strikes Feat. Tony Allen

play_arrow Live
search

/ China a Russland maache gemeinsam Militärübungen

NATO bezeechent China alls Krichsfacilitateur

China a Russland maache gemeinsam Militärübungen

China huet de Moie gemeinsam Militärübunge mat Russland annoncéiert. Als Zeechen, datt béid Länner hir Relatioune weider ausbauen, wéi et vu Peking heescht.

auto_stories

1 min

Wéinst där strategescher Kooperatioun huet d‘NATO China och schonn als sougenannte Krichs-Facilitateur am Ukrainkrich bezeechent. Bei deene gemeinsame Militärmanövere solle Buedem- a Lofttruppen deelhuelen. Déi chineesesch a russesch Arméie sollen zesummen übe fir de Fall, datt ee Land géif attackéiert ginn oder bedrot wier, sou d'Annonce vu Peking. 

Dës Woch soll och de chineeseschen Ausseminister Wang Yi a Russland reese fir eng Reunioun vun de sougenannte Brics-Länner, wou nieft Russland a China och ënner anerem Indien a Brasilie Member sinn.