Radioen

On air

Kultur um 5  |  Wéi eng Zukunft fir d’Gebléishal?

play_arrow Live
search

/ Déi national Dateschutzkommissioun huet d’lescht Joer méi Reklamatioune kritt wéi 2022

Dateschutz

Déi national Dateschutzkommissioun huet d’lescht Joer méi Reklamatioune kritt wéi 2022

Déi national Dateschutzkommissioun huet d’lescht Joer méi Reklamatioune kritt wéi 2022. D’Zuel ass vu 482 op 592 geklommen. An der Haaptsaach ass et dobäi 2023 ëm d’Vertraulechkeet vun Datë respektiv ëm Violatioune vun Donnéeë gaangen, esou déi Responsabel vun der Etablissement Public CNPD de Moien op Esch-Belval bei der Presentatioun vum neien Aktivitéitsrapport.

auto_stories

2 min

CNPD | © CNPD
Foto: CNPD

D’Dateschutzkommissioun huet 2023 och méi Notifikatioune wéinst Dateverletzunge kritt. Hei ass d’Zuel vun 354 Notifikatiounen 2022 op 434 d’lescht Joer geklommen, erkläert de CNPD-Kommissär Thierry Lallemang. „Et ass warscheinlech, well d’Entreprisë méi informéiert sinn, datt si et musse maachen.“

Virun engem Mount hat de Radio 100,7 gemellt, datt perséinlech Date vu ronn 10.000 Leit ëffentlech zougänglech waren, wéinst enger Datepann beim ILR. D’Regulatiounsinstitut selwer hat d’Dateschutzkommissioun doriwwer informéiert, confirméiert elo den Thierry Lallemang. D‘Dateschutzkommissioun hätt den ILR och iwwer de weidere Suivi informéiert.

Final geriichtlech Entscheedung iwwer Rekordstrof fir Amazon demnächst

Viru gutt dräi Joer hat d’CNPD eng Rekordstrof decidéiert, well Amazon Europe Core s.à r.l. géint europäesch Dateschutzreegele soll verstouss hunn. D’Entreprise kontestéiert dës Entscheedung. Zënter Ufank vum Joer beschäftegt d’Verwaltungsgeriicht sech domat, sou d’CNPD-Presidentin Tine A. Larsen.

"D’Affär Amazon, wou mir déi grouss Strof vu 746 Milliounen Euro verhaangen haten, déi ass de Moment viru Geriicht an der éischter Instanz. Si ass plädéiert. A mir waarden do drop, datt elo geschwënn eng Decisioun soll kommen."

D’CNPD huet haut ugekënnegt, an den nächste Joren hir Aufgab mat Determinatioun wëlle weider ze féieren, fir de Schutz vun der Privatsphär vun alle Mënschen an engem digitalen Ëmfeld dat sech verännert.