Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ultraflex - Say Goodbye

play_arrow Live
search

/ De Mathis Godefroid zitt et bei eng Oppositiounspartei

No Austrëtt aus der Piratepartei

De Mathis Godefroid zitt et bei eng Oppositiounspartei

De Mathis Godefroid wäert dëst Joer keng Entscheedung méi huelen, bei wéi eng Partei hien no sengem Austrëtt bei der Piratepartei wäert wiesselen. Dat sot de Hesper Gemengeconseiller am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Mathis Godefroid

Hie bräicht elo e bëssen Zäit fir zur Rou ze kommen a géif seng Decisioun dann um Ufank vum nächste Joer matdeelen. Bei wéi eng Partei et hien zitt, wollt de Mathis Godefroid nach net verroden, bei d'CSV wäert et hien awer héchstwarscheinlech net verschloen, esou de Gemengepolitiker.

"Et weess een natierlech ni, et kann ee Gespréicher féieren, mee ech mengen, datt dat fir meng Kredibilitéit ganz schlecht wier, wann ech géif bei d'CSV goen."

Hie géif et éischter bei aner Oppositiounsparteien zéien, mat deenen hien och scho gutt géif zesummeschaffen, déi hie géif schätzen an deenen hire Wäerter hien och no géif stoen. "Déi hunn eng besser Chance, soe mer esou."

D’Entwécklungen an der Affär MALT géifen him et op alle Fall onméiglech maachen, nach hannert de Piraten ze stoen. Dowéinst géif et e grousse Vertrauensverloscht ginn, an d‘Partei wier, a sengem An, och net mat enger Statuttereform ze retten.

De ganzen Interview mam Mathis Godefroid

Lauschterenplay_arrow