Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
search

/ Déi nächst Indextranche réckelt méi no

De Statec mellt

Déi nächst Indextranche réckelt méi no

De Joresinflatiounstaux geet weider erof: nämlech vun 2 op 1,7 Prozent. Dat mellt de Statec. Am August ass d‘Präisdeierecht awer ëm ronn 1 Prozent am Verglach mam Juli an d‘Luucht gaangen – dat virun allem wéinst dem Ofschloss vun de Summersolden.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / yodakimik

Déi nächst Indextranche réckelt iwwerdeems méi no: Den entspriechende Punktwäert ass geklommen, esou nach de Statec. An enger leschter Prognos war d‘Statistikverwaltung dovun ausgaangen, datt déi nächst Indextranche fir d‘lescht Trimester dëst Joer fälleg wier.