arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-US Deal iwwer Douanestaxen: Wéi eng Konditioune stellt d'EU un d'USA?

Handelsaccord

|
reading time

1 min

EU-US Deal iwwer Douanestaxen: Wéi eng Konditioune stellt d'EU un d'USA?

Den ëmstriddenen Deal tëschent den USA an der EU iwwer Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn.

reading time

1 min

D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam US-amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst nogebessert ginn, an huet sech um Enn domat duerchgesat.

Den Deal soll ëmgesat ginn, allerdéngs ënner bestëmmte Konditiounen.

Wéi eng sinn dat? An ass deen Accord, dee virgesäit, datt fir d’USA europäesch Douanestaxen gréisstendeels ewech falen, elo besser?

Lauschtert hei d'Analys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.