Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Fonction Publique: Zuel vu Sproochendispense ginn an d'Luucht

Äntwert op parlamentaresch Fro

Fonction Publique: Zuel vu Sproochendispense ginn an d'Luucht

An de leschten 3 Joer ass d’Zuel vun de Leit, déi an der Fonction publique agestallt gi sinn an déi eng Dispens an enger vun den 3 offizielle Sproochen kritt hunn, an d’Luucht gaangen. Dat geet aus der Äntwert vum Minister fir d’Fonction publique, Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun der ADR erfir.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D’lescht Joer si ronn 2.500 Agente beim Staat agestallt ginn. 380 mol kruten d'Agenten eng Dispens am Lëtzebuergeschen, 350 mol am Däitschen a 24 mol am Franséischen. Een Agent kann eng oder méi Dispense kréien.

Virun allem d’Dispensen am Lëtzebuergeschen sinn zanter 2021 an d’Luucht gaangen. Déi meescht Lëtzebuergesch Dispensen ginn et an den iewechte Karriäre beim Staat.