Radioen

On air

Vue sur mer  |  Sharon Van Etten - Mistakes

play_arrow Live
search

/ Groussbus-Wal ee Joer no der Gemengefusioun

Éischte Bilan

Groussbus-Wal ee Joer no der Gemengefusioun

Ee Joer no der Fusioun vun de Gemenge Groussbus a Wal zitt den aktuelle Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng e positive Bilan. Déi fréier Buergermeeschtesch vu Wal an elo éischt Schäffe kuckt méi nuancéiert op d'Fusioun.

auto_stories

2 min

© Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Déi fréier Buergermeeschtesch vu Wal Christiane Thommes seet, et wier net ëmmer einfach gewiescht zwou Gemengen zesummenzebréngen. Elo ass si éischt Schäffen an der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal. Am Ufank hätten et zwar Spannunge ginn. Elo hätt sech dat awer agependelt.

“Dat ass einfach eng Ännerung ginn, an dat huet een einfach gemierkt. Do goufen et Enttäuschungen, an do huet een am Ufank misse kucken, wéi een eens gëtt.” 

"Ee Generatiounswiessel bis d'Leit als nei Gemeng denken"

Déi fréier Gemeng Wal huet aus ville klengen Dierfer bestanen - déi an eng grouss Gemeng ze integréieren, wier net einfach, esou d'Christiane Thommes. Si mengt et kéint Joren, wann net ee ganze "Generatiounswiessel", bis d'Leit als nei Gemeng denken.

Den aktuelle Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng a fréiere Buergermeeschter vu Groussbus, de Paul Engel, zitt e ganz positive Bilan zanter der Fusioun. Datt et no Wale vill Emotioune géife ginn, dat wier normal. Elo awer géif d'Zesummenaarbecht am Schäfferot gutt funktionéieren.

Keng nei Projete bis déi aktuell finaliséiert sinn

Gréisser néi Projete géifen et fir de Moment net ginn, elo géif et mol drëms goen déi lafend Projeten aus den zwou Gemengen ze finaliséieren, esou heescht et vum Paul Engel.

“Wéi dann eeben de Bau vun deem neie Gemengenhaus zu Groussbus respektiv och d’Infrastrukturaarbechten an der fréierer Sektioun Wal, déi elo lues a lues ëmgesat ginn.“

Wärend de Paul Engel nëmme vu guddem Feedback vun de Leit aus senger Gemeng geschwat huet, erkläert d’Christiane Thommes awer, datt bei de Bierger aus der fréierer Gemeng Wal de Feedback ganz ënnerschiddlech wier.

Déi Gemengefusioun ass am September 2023 a Kraaft getrueden. Zanterhier besteet Lëtzebuerg aus 100 Gemengen.