Radioen

On air

De Weekend  |  Stereolab - Blips Drips And Strips

play_arrow Live
search

/ René Winkin no engem Joer CSV-DP-Regierung: "Ech denken, datt mir gutt ënnerwee sinn"

Industriellefederatioun FEDIL

René Winkin no engem Joer CSV-DP-Regierung: "Ech denken, datt mir gutt ënnerwee sinn"

No engem Joer mat der CSV-DP-Koalitioun zitt den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL e positiven Tëschebilan vun der Zesummenaarbecht mat der Regierung. Et wier eng Regierung, déi de Fokus op Kompetitivitéit géing leeën, wat de René Winkin begréisst.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Ee Joer nom Ufank vun der Legislaturperiod weist de René Winkin sech zefridde mat der neier Regierung. Den Direkter vun der Industriellefederatioun FEDIL deelt domadder eng aner Meenung wéi d'Gewerkschaften.

Méi nuancéiert Vuë wei d'Gewerkschaften

A Punkto Pensiounsreform gesäit de René Winkin de Fakt, datt d'Regierung den Ament nach keng konkret Diskussiounsgrondlag virgeluecht huet, op Grondlag vun där d'Gespréicher kéinte weidergefouert ginn, méi nuancéiert wéi d‘Gewerkschaften.

Et wier sécher gutt, wann d'Regierung well méi wäit wier, oder wann déi Regierunge virdru vläicht well méi wäit gewiescht wieren, mengt de René Winkin.

"Déi Zuelen, déi leie jo all Joer eigentlech um Dësch: D'IGSS mécht jo déi Berechnungen an et ass eeben d'Fro, wéini fillen ech mech als Politiker alarméiert, fir elo awer de Chantier unzegoen."

Eng Pensiounsreform wier a kengem Walprogramm virkomm a géif och net detailléiert am Regierungsprogramm stoen. An dowéinst wier een ëmsou méi frou, wann dës Diskussiounen zu engem Resultat féieren, sou de René Winkin.

Et wier och an de Gewerkschaften hirem Interêt, wann een eng Energietransitioun "ouni ze vill Dégâte" géing hikréien, a wann een d'Digitaliséierung "gepusht kéint kréien", sou de René Winkin. Dat selwecht gëllt och fir aner Beräicher.

"Et wier och am Interêt vun de Leit, wa mir d'Aarbechtsverhältnisser moderniséiert kréien, an do wäerten d'Gewerkschafte jo och hiert Wuert kënne matschwätzen dofir. Ech denken, datt mir gutt ënnerwee sinn. Ech huelen als Beispill de Logementsdësch, wou awer relativ séier och aus enger Nout eraus agéiert gouf."

Suerge wéinst der Trump-Regierung

Suerge mécht ee sech bei der FEDIL haaptsächlech wéinst der neier Trump-Regierung an den USA. Wann den Donald Trump d’Land fir Importer zoumécht, notamment där aus Asien, hätt dat och op d’EU en enormen Impakt.

"Déi ginn dann ëmgeleet, déi ginn net méi dohinner. Deen Drock gëtt also nach méi grouss op Europa. Wat mir dann do Suerge mécht, dat ass, datt mir an Europa eigentlech d'Vitess, fir op esou eng Situatioun kënnen ze reagéieren, wann Iwwercapacitéiten eis hei riskéieren ze erdrécken, datt mir do dann op eiser Säit lues sinn, fir op esou eppes ze reagéieren."