Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
search

/ AfD gëtt staark gewielt, Ampelparteien, die Linke an FDP verléiere staark

Landtagswahlen a Sachsen an Thüringen

AfD gëtt staark gewielt, Ampelparteien, die Linke an FDP verléiere staark

Am Oste vun Däitschland gouf de Sonndeg gewielt: Am Bundesland Thüringen gouf d'AFD stäerkste Kraaft mat ronn engem Drëttel vun de Stëmmen, dat virun der CDU, déi 23,6 Prozent vun de Stëmme krut.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen | Chris Emil Janssen

Domat ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Bundesrepublik eng rietsextreem Partei stäerkste Kraaft bei enger Landtagswal ginn. Den AFD-Spëtzekandidat Björn Höcke huet och schonn Usproch op ee Posten an der Regierung erhuewen. Eng Regierungsformatioun an Thüringen ouni d'AFD dierft schwiereg ginn, well eng Koalitioun tëschent der CDU, dem Bündnis Sahra Wagenknecht an der SPD mat 44 vun 88 Sëtz keng Majoritéit méi huet.

Am Bundesland Sachsen ass d'CDU stäerkste Kraaft ginn, mat ronn 32 Prozent vun de Stëmmen - also nëmme knapp virun der AFD, déi mat 30,6 Prozent vun de Stëmmen zweetstäerkste Kraaft gouf. Och hei kann déi aktuell Kenia-Koalitioun tëschent CDU, SPD an deene Gréngen awer net weiderregéieren, well si ëm 4 Sëtz d'Majoritéit verpasst huet. A Sachse ginn et deemno zwee Zenarien: Eng Koalitioun tëschent der CDU, dem Bündnis Sahra Wagenknecht an entweder der SPD oder deene Gréngen. A béide Konstellatioune kann de Ministerpresident Michael Kretschmer vun der CDU wuel weider un der Spëtzt bleiwen.

D'Walbedeelegung louch iwwerdeems a Sachse bei 74,4 an an Thüringen bei 73,6 Prozent.

D‘AfD wëllt an Thüringen an a Sachse matregéieren

Déi zwee AfD-Presidenten Alice Weidel an Tino Chrupalla hunn de Moien am ZDF-«Morgenmagazin» gesot, datt et fir si natierlech ass, datt d‘AfD no hirem Succès bei de Walen, a béide Bundeslänner an d‘Regierung muss kommen a si géifen do besonnesch op d‘CDU hoffen.

An Thüringen gouf d‘AFD stäerkste Kraaft, virun der CDU. A Sachsen ass d‘AfD zweetstäerkste Kraaft ginn, knapp hannert der CDU. Domat hätten d‘Wieler sech a béide Bundesländer kloer fir eng Mëtt-Riets-Koalitioun an eng Bedeelegung vun der AfD entscheet.

A béide Bundeslänner awer bleift eng Regierungsparticipatioun vun der rietsextremer AfD onwarscheinlech, well bis elo keng aner Partei mat hir eng Koalitioun wëllt maachen. Béid AfD-Cheffe soten de Moien, datt si iwwerzeegt sinn, datt d‘CDU net op Dauer hire Widderstand wäert duerchhalen.