Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
search

/ Mouvement écologique: Nach ëmmer net genuch a bio a regionaalt Uebst an de Schoulen

Och fir dës Rentrée

Mouvement écologique: Nach ëmmer net genuch a bio a regionaalt Uebst an de Schoulen

Och fir dës Schoulrentrée géif et nach ëmmer kaum Bio- a regionaalt Uebst an de Schoule ginn. Dorop mécht de Mouvement écologique rëm opmierksam. Fir d‘Ëmweltorganisatioun huet de Landwirtschaftsministère rëm versot.

auto_stories

1 min

Och fir dat neit Schouljoer wier dem Ministère säin Haaptargument rëm, datt d‘Uebst bëlleg ass. Den Undeel vu bio a lokalem Uebst wier zwar vu 5 op 10 Prozent erhéicht ginn, mee dat géif net duergoen.

All Schouljoer ginn ongeféier 400 Tonnen Uebst an de Schoule verdeelt.