Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Martin Courtney - Corncob

play_arrow Live
search

/ Nick Cave - "Wild God": Eng musikalesch Mass

Album vun der Woch

Nick Cave - "Wild God": Eng musikalesch Mass

“Joy” wollt den Nick Cave ugangs säin neien Album nennen. Et ass seng mëttlerweil déi 18. Plack mat senger Band The Bad Seeds. Um Enn hat hien awer Angscht, datt deen Titel kéint ze vill falsch Erwaardunge mat sech bréngen, an huet sech amplaz fir “Wild God” decidéiert. Et ass e ganz passend Bild fir dës Sammlung vun zéng Lidder, an deenen eng musikalesch Mass zelebréiert gëtt. Tëscht Punk a Priedegt, tëscht Trauer an Transzendenz.

auto_stories

3 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: Megan Cullen

An de leschte Joren huet den Nick Cave eng ganz Rei perséinlech Verloschter erlieft: 2015 ass säi Bouf Arthur mat 15 Joer bei engem tragesche Kloter-Accident ëm d’Liewe komm. 2022 huet hien e weidere Bouf verluer, de Jethro Lazenby (31), aus enger fréierer Bezéiung, an 2021 ass seng Ex-Partnerin Anita Lane gestuerwen.

Hir widmet den australesche Kënschtler op senger aktueller Plack den Titel “O Wow O Wow”, an deem een Originalopnamen héiert vun der Anita Lane, déi selwer och Singer-Songschreiwerin war. Musek ass seng Manéier dës schwéier Erfarungen ze verschaffen, awer net just.

Donieft huet den Nick Cave och e Film gedréint (“One More Time With Feeling”), e Buch mat Interviewe verëffentlecht (“Faith, Hope &  Carnage”) an hie kommunizéiert och iwwer säi Blog “The Red Hand Files” mat Mënschen, déi änlech schmäerzhaft Erfarunge gemaach hunn.

Texter, déi direkt sinn

“We’ve all had too much sorrow, now is the time for joy”, heescht et am Titel “Joy”, dem Häerzstéck vum Album. Den Nick Cave leet dës Wierder dem Geescht vu sengem verstuerwene Bouf an de Mond, enger fiktiver Gestalt, déi an der hallwer Däischtert vu senger Kummer opdaucht, an Turnschlappen, a mat engem Message, deen Hoffnung soll vermëttelen.

Ëmmer erëm huet een d’Gefill, datt dem Nick Cave seng Texter bal ze perséinlech sinn, an trotzdeem gëtt een ni iwwerrompelt. Déi Direktheet mat där de Museker kommunizéiert ass eng Invitatioun fir d’Nolauschterinnen an Nolauschterer sech indirekt op en Dialog anzeloossen.

Psychadelesch Gospel-Stëmmen

Gläichzäiteg bidden déi ganz konkret Referenzen en Anker op engem Album, dee musikalesch e gutt Stéck iwwert dem Buedem schwieft. Wärend de Frontmann dacks méi rezitéiert wéi séngt, leeën d’Bad Seeds eng instrumental Couche iwwer déi nächst. Als musikalesche Gaascht ass iwweregens dës Kéier och de Colin Greenwood, Bassist vu Radiohead, mat derbäi.

An der Mëtt vun all Stéck setze reegelméisseg Chéier an, déi u Gospel erënneren. Déi lëfteg, liicht verwëscht a psychedelesch Stëmmung gëtt erschaf vum Produzent Dave Fridmann, deen och scho fir Mercury Rev, MGMT an d’Flaming Lips hanner dem Mëschpult souz. Hie koum zum Asaz all Kéiers wann den Nick Cave a säin Akolyth Warren Ellis bei engem Lidd net weider wossten, an sou huet hien zum Beispill beim Titeltrack “Wild God” aus zwee eenzelne Stécker e kohärent Ganzt gemaach.

Héngerhaut-Momenter si garantéiert

Dobäi bleift trotzdeem ganz vill Plaz fir Improvisatioun. Villes gouf am Studio op der Plaz erschaf, wéi d’Single “Frogs” an där den Nick Cave fir déi definitiv Versioun einfach emol den éischten Text gehalen huet, deen hien am Opnameraum ausprobéiert huet. Hien hat d’Gefill, datt den Take him keng zweete Kéier esou lieweg géif geléngen. An dofir wandelt dann hei de Sänger a Schauspiller Kris Kristofferson duerch eng transzendent Inzenéierung iwwer Gott a Fräschen.

Et wonnert ee sech heiansdo beim Lauschteren, et kritt een ëmmer erëm Héngerhaut, a virun allem fillt ee sech an de 44 Minutten, déi “Wild God” dauert, op ganz eege Manéier gebuergen.

Lauschterenplay_arrow