De Mukhtar Babayev, deem seng Wal zum Konferenzpresident fir Tensiounen am Virfeld gesuergt hat, well en iwwer 20 Joer fir de staatlechen Uelegkonzern aktiv war, betount d’Drénglechkeet vun der Situatioun. D’Konsequenze vum Klimawandel géife sech elo scho bemierkbar maachen.
"Mee dat sinn net Problemer vun der Zukunft. De Klimawandel ass schonn hei. Vvun Haiser a Spuenien déi iwwerschwemmt ginn, iwwer Bëschbränn an Australien, vu Mierespigelen déi klammen, bis zu ausgedréchente Landschaften an Ostafrika."
D'Mënschen an de betraffene Gebidder géife méi brauche wéi Matgefill, Gebieder a Bürokratie. "Si jäize no Leedung an no Aktioun. D'COP29 ass eng eenzegaarteg Geleeënheet, en neie Wee no vir fir jidderee virzegoen", sou den aserbaidschaneschen Ëmweltminister a President vun der 29. Weltklimakonferenz.