Radioen

On air

9 bis 1  |  Silk Sonic - Leave The Door Open

play_arrow Live
search

/ Presuméiert israeelesch Loftattack a Syrie fuerdert mindestens 25 Mënscheliewen

Noen Osten

Presuméiert israeelesch Loftattack a Syrie fuerdert mindestens 25 Mënscheliewen

A Syrie wieren op d‘mannst 25 Persoune bei engem presuméierten israeelesche Loftugrëff ëm d‘Liewe komm, dorënner 5 Zivilisten. Dat mellt de syreschen Observatoire fir Mënscherechter mat Sëtz zu London. Déi syresch Noriichtenagence schwätzt hirersäits vun 14 Doudesaffer an 43 Blesséierter.

auto_stories

1 min

Viséiert wiere Waffendepote vu pro-iranesche Milize bei der Stad Hama gewiescht, esou nach den Observatoire. Et hätt e puer Explosiounen a Bränn ginn.

Israel gräift a Syrien ëmmer erëm Site vu Milizen un, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn.

Iwwerdeems géif et ëmmer manner Hoffnung op eng Wafferou am Gazasträif ginn. D‘Verhandlunge kommen zënter Méint net virun: Den US-Militär géif sech op ee Kollaps vun de Gespréicher virbereeden, esou een Artikel vun der Financial Times.

D‘USA an de Katar vermëttele bei de Gespréicher fir eng Wafferou an der Gazasträif. Och den EU-Chefdiplomat Josep Borell wëll sech elo bei enger Visitt am Noen Oste fir eng Wafferou asetzen. Hie soll haut zu Kairo den ägyptesche President Abdel Fattah al-Sisi treffen an och de Grenziwwergang Rafah an de Gazasträif kucke goen.