Den Norbert Conter huet no 13 Joer seng Positioun als President ofginn, a seng Duechter Christine Conter huet d‘Amt iwwerholl. De Vize-President Patrick Dury huet och säin Amt opgeginn, de Christophe Knebeler iwwerhëlt. Mat dësem Generatiounswiessel ass ProActif an eng nei Etapp gaangen. D'Organisatioun gëtt elo vun enger Direktiounsekipp vun dräi Leit geleet.
Am Zentrum vum Konflikt stoung den Direkter François Georges, dee kritiséiert gouf wéinst Interessekonflikter an enger onkloerer Gouvernance.