Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Putin warnt viru weideren Attacken - USA spillen Droung erof

Krich an der Ukrain

Putin warnt viru weideren Attacken - USA spillen Droung erof

De Krich an der Ukrain krut eng global Tournure: Dat sot de russesche President Wladimir Putin gëschter um Donneschdegowend. Dat no engem Dag, dee vu groussen Tensioune markéiert war.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool

Russland huet eng Mëttelstreckerakéit a Richtung Ukrain geschoss. Dat als Reaktioun op den ukraineschen Asaz vu brittesche Marschflugkierper vum Typ Storm Shadow.

Déi russesch Rakéit wier d‘Reaktioun op d‘Autorisatioun vun den USA an anere westleche Länner, datt d‘Ukrain Laangstreckewaffen op russeschem Territoire kann asetzen. Sollt d‘Ukrain esou weiderfuren, komme weider russesch Reaktiounen, esou dem Putin seng Warnung.

Vun den USA gouf déi russesch Reaktioun erofgespillt. Russland wéilt d‘Ukrain aschüchteren an hätt selwer wuel nëmmen eng Handvoll esou experimentell Rakeiten, esou den amerikanesche Verdeedegungsministère. D‘USA wieren och virum Lancement vun der Rakéit vu Moskau doriwwer informéiert ginn.