Radioen

On air

Kannerradionuecht  |  

play_arrow Live
search

/ Ukrain: 6 Ministèrë ginn nei besat, Lëscht gëtt muer bekannt

Ëmbau vun der Regierung

Ukrain: 6 Ministèrë ginn nei besat, Lëscht gëtt muer bekannt

An der Ukrain hunn op d'mannst 6 Regierungsmemberen hir Demissioun agereecht. Dorënner d‘Ministere fir Justiz, Ëmwelt a Strategesch Industrie. Wéi den ukrainesche Parlamentspresident preziséiert huet, sollen iwwer d'Hallschent vun de Regierungsmembere remplacéiert ginn.

auto_stories

1 min

©  picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Eng komplett Lëscht soll muer bekannt ginn. 

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat schonn am Juli een Ëmbau vun der Regierung ugekënnegt. Op déi Manéier wéilt hien d'Vertrauen a seng Regierung erëm stäerken. Zanter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich huet den ukrainesche President d'Regierung ëmmer erëm ëmgebaut. Leschte September war de Verdeedegungsminister no enger Rei Korruptiounsskandaler zeréckgetrueden.