Radioen

On air

9 bis 1  |  Ezra Collective - No One's Watching Me Feat. Olivia Dean

play_arrow Live
search

/ Virun 80 Joer koumen déi Alliéiert zu Lëtzebuerg un

Zweete Weltkrich

Virun 80 Joer koumen déi Alliéiert zu Lëtzebuerg un

Haut sinn et op den Dag genee 80 Joer hier, datt déi Alliéiert Truppen zu Lëtzebuerg ukoumen, fir d'Land vun den Nazien ze befreien. Den 9. September 1944 sinn déi éischt amerikanesch Truppen zu Péiteng iwwer d'Grenz komm.

auto_stories

1 min

Den Dag drop, den 10. September, gouf d'Haaptstad befreit. 

Schonn dee ganze Weekend gouf zu Péiteng geféiert, den Owend ass dann eng offiziell Commemoratioun a Presenz vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem Premier Luc Frieden. Muer si Commemoratiounen an der Stad. Och aner Uertschafte wéi Beetebuerg oder Miersch erënneren dëser Deeg un d'Befreiung virun 80 Joer.

D’Liberatioun am zweete Weltkrich ass eent vun de wichtegsten Evenementer an der Lëtzebuerger Geschicht. Iwwert ëmmer mei Leit déi politesch Riets Usiichten hunn ass de Frank Schroeder Direkter vum Resistenz a Mënscherechts Musée besuergt.

Op d‘Resultater vun de Landtagswalen an Thüringen a Sachsen géif hie mat engem schlechte Gefill kucken.

"Well ee sech seet, lo kréie Leit rëm iwwer 30 Prozent, déi ganz kloer soen, wat se denken, an dat geet definitiv net a Richtung vun enger demokratescher, vun enger pluralistescher Gesellschaft."

Et misst ee kloer dogéint kämpfen, betount de Frank Schroeder.