arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Washington: Mann schéisst net wäit vum Wäissen Haus fort op Sécherheetsbeamten

USA

|
reading time

1 min

Washington: Mann schéisst net wäit vum Wäissen Haus fort op Sécherheetsbeamten

Wéi den amerikanesche Secret Service matdeelt hätt ee frieme Mann op engem Kontrollpunkt virum Wäissen haus mat enger Waff op Beamte geschoss. D‘Sécherheetsautoritéiten hätten doropshin zeréckgeschoss, wouropshin de Mann getraff gouf. Kuerz drop ass hien am Spidol u senge Blessure gestuerwen.

reading time

1 min

 Schëss beim Wäissen Haus zu Washington | © EPA/JIM LO SCALZO
Schëss beim Wäissen Haus zu Washington (Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

Beim Virfall Hënt an der US-amerikanescher Haaptstad Washington wier och e Passant getraff ginn. Anzéien no hätt den 21 Joer ale presuméierten Täter eng sëllege Schëss ofgeféiert. 

Wéi et vun offizieller Säit heescht, wier kee vun de Sécherheetsbeamte blesséiert ginn. 

Éischten Informatiounen no soll de Verdächtege psychesch krank gewiescht sinn an e soll rezent schonn e puer mol mat de Sécherheetsautoritéiten unenee gerode sinn. 

Den US-President war zum Zäitpunkt vun der Dot am Wäissen Haus.