Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
search

/ Wéi gëtt d'Sécherheet op der Fouer garantéiert?

D'Police erkläert

Wéi gëtt d'Sécherheet op der Fouer garantéiert?

D’Schueberfouer gouf de Freideg den Owend um 5 Auer offiziell ageweit. Bannent deenen nächsten dräi Woche ginn 2 Millioune Visiteuren um Glacis erwaart. Bis den 11. September ass um Glacis direkt nieft der Entrée vun der Fouer ee Police-Kommissariat installéiert. Dee Posten ass vun zwou Auer Mëttes bis eng Auer an der Nuecht op.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Schueberfouer | © Flickr play_arrow
Foto: Flickr

Et fënnt een d‘Police-Kommissariat an engem wäisse Container, just nieft dem Poste vun de Rettungsservicer. Do kéint ee sech zu all Ament mellen, erkläert den Patrick Even vun der Police.

Op wat muss een oppassen?

D’Leit kënnen do passéiere wa se eng Plainte wëlle maachen, respektiv wa se eventuell eppes geklaut kruten.

"Ech géif de Leit roden op hir Wäertsaachen opzepassen, well et ass wéi ëmmer wa vill Leit beienee sinn, sinn och e puer Onéierlecher dobäi déi wëlle vun där Situatioun profitéieren."

Service fir Kanner séier erëm ze fannen

Zënter e puer Joer gëtt et de Service "Verluere Kanner", wou ee preventiv seng Kanner ka registréiere loossen, fir se da séier kënnen z’identifizéiren an d’Elteren ze kontaktéieren. Neierdéngs wier dat och iwwer myguichet.lu méiglech.

"Da kritt een ee reçu an da kann een hei op de Kommissariat kommen op der Schueberfouer. Do kritt een een Autocollant, deen ee kann oppeche mat enger Nummer. Do stinn natierlech keng perséinlech Donnéeën drop. Mee dat erlaabt eis awer wa mer Kanner géifen opfanne fir se ze identifizéieren an fir dann hir Elteren ze kontaktéieren."

Op verschidden Deeg kritt déi Lëtzebuerger Police och eng Verstäerkung aus dem Ausland, mat Polizisten aus Däitschland Frankräich an der Belsch. Och d’Police locale ass um Glacis an an de Quartieren oder Parke ronderëm am Asaz.

Am beschte mam ëffentlechen Transport kommen

De Patrick Even mécht och den Appell, datt ee sech reegelkonform soll parken a keng Afaarte blockéieren, soss géif ee riskéieren ofgeschleeft ze ginn.

De Parking ass all Dag bis 1 Auer an der Nuecht ze bezuelen. Dowéinst ass et méi praktesch op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen, a virun allem op den Tram deen um Glacis zwou Statiounen ufiert.

Lauschterenplay_arrow