Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Zwee Fäll vun haislecher Gewalt um Freideg

Police mellt

Zwee Fäll vun haislecher Gewalt um Freideg

Zwee Mol gouf d'Police e Freideg wéinst haislecher Gewalt geruff. A béide Fäll goufen d'Männer festgeholl.

auto_stories

1 min

Police | © Frank Hoermann / SVEN SIMON

D‘Police hat gemellt kritt, datt et um Kierchbierg zu Handgräiflechkeeten tëschent engem Mann, senger Partnerin a sengem Jong koum. De Mann ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn a koum virun den Untersuchungsriichter.

Dee selwechten Owend gouf och e Fall vun haislecher Gewalt zu Déifferdeng gemellt. Do hat e Mann seng Partnerin geschloen. Och do gouf de Mann festgeholl.