Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Penguin

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

search / One World

/ Chill and move

Chill and move

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

En Trio vun Houston, eng hollännesch Koppel an e Quartett vu Lyon hunn eppes gemeinsam: si maachen eng Musek fir ze chillen an dat mat Retro-Feeling.

Den Ariel Tintar beweegt sech op enger Kräizung tëschent Modernitéit a Klassizismus, tëschent der franséischer an der kreolescher Kultur, beréierend!

D’Decouverte vun dëser Woch ass de Londoner Duo Kit Sebastian mat engem spezielle Sound, e Melting Punkt, wou verschidde Genren zesummefléissen. “New Internationale” heescht hiren neien Album, dee fir de 27. September ugekënnegt gëtt. En erstaunlechen Disk, op deem anatolesch Psychedelia, brasilianeschen Tropicalismo, europäesche Pop an amerikaneschen Jazz zesummefléissen.

Rodrigo y Gabriela ass e mexikanesche Gittaren-Duo, dee grad esou vum Heavy Metal beaflosst ass wéi vum Flamenco.

Eng aner Decouverte vun dëser Woch ass d’Kaia Kater, karibesch-kanadesch Singer-Songwriterin. Si spillt d’Gittar, de Banjo an de Piano. Hiren neien Album “Strange Medecine” léisst Indie an och al Folk-Traditiounen erkléngen.

Playlist:
1. Khruangbin - May Ninth - A LA SALA
2. Donna Blue - Aphrodite - Into the Realm of Love
3. Phat Dat - Flowers - Flowers
4. Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Es Ou Ka Sonjé
5. Tindersticks - Feel The Sun - The Hungry Saw
6. Nora Kamm - Cœur (feat. Nguyên Lê) - One
7. André Manoukian - Rondo Arménien - Rondo Arménien
8. Kit Sebastian - Metropolis - New Internationale
9. Kit Sebastian - Faust - New Internationale
10. Rocío Márquez & BRONQUIO - Un Ala Rota (Garrotín) - Tercer Cielo
11. Rodrigo y Gabriela - The Struggle Within - The Struggle Within - Single
12. Kaia Kater - Mechanics of the Mind - Strange Medicine
13. Matthieu Saglio - Cherubino - Resonance
14. Galliano - Cemetary Of Drums
15. Tingvall Trio - Ya Man - Dance
16. Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

Episoden

Fuzzy

En $10 Cowboy, déi éischt Schrëtt vu Museker, déi spéider weltbekannt goufen an nach e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes vum 4.-8. Dezember.
headphones

57 min

play_arrow

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit
headphones

61 min

play_arrow

Got Soul

Nei Verëffentlechungen aus dem Beräich vun der Soul, dem Singer-Songwriting an e puer Decouverte
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales 2024

Nieft Neiverëffentlechungen kritt Dir dës Kéier e Virgeschmaach op d’Transmusicales vu Rennes, e Festival, deen erfollegräichen internationalen Artisten eng Bün bitt.
headphones

56 min

play_arrow

$10 Cowboy

OneWorld, eng Rees duerch d’Zäit an d’Stiler mat dës Kéier enger rarer Pärel aus dem Joer 1972, engem Stopp a Brasilien an engem neien Disk aus dem Beräich Country-Blues
headphones

56 min

play_arrow

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent deen op de Sound aus den Tropen steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow