Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

search / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Déi nei Saison am Saarlännesche Staatstheater

Kreativitéit a Flexibilitéit sinn zu Saarbrécken ugesot.

Eng Oper iwwer e Komponist

Den 12. Juni 1917 war zu München am Prinzregententheater d'Uropféierung vun der gewalteger Oper "Palestrina" vum Hans Pfitzner.

"Strauss, Richard, Kapellmeister"

Den 11. Juni 1864 gëtt de Richard Strauss gebuer.

Déi nei Saison vun der Philharmonie

Den Direkter, de Stephan Gehmacher; mat Detailer zu der Rentrée, de 17. September
L'Europe musicale

L'Europe musicale

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg mat engem Zyklus vu fënnef Concerten an der Philharmonie

En Adept vun der "Petite reine"

Den 10. Juni 1899 stierft den Ernest Chausson am Alter vu 44 Joer bei engem Vëlosaccident.
L'Europe musicale

L'Europe musicale

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg mat engem Zyklus vu fënnef Concerten an der Philharmonie

Een neien Moselmusikfestival 2020

Als Reaktioun op déi aktuell Kris wäert et een anere Programm ginn.

Kee Retour op Bayreuth

D'Nike Wagner, d'Urenkelin vum Komponist, kritt 75 Joer.

Een neien Moselmusikfestival 2020

Als Reaktioun op déi aktuell Kris wäert et een anere Programm ginn.

Reouverture vum CMNord

E Gespréich mam Direkter Adrien Théato iwwer d'Organisatioun vum Conservatoire du Nord am Kader vun der neier Reouverture

E Kaarteproduzent an "Dilettante"

Den 8. Juni 1671 gouf de venezianesche Komponist Tommaso Albinoni gebuer.

Reouverture vum CMNord

E Gespréich mam Direkter Adrien Théato iwwer d'Organisatioun vum Conservatoire du Nord am Kader vun der neier Reouverture

Virtuosin op der Glasharmonika

5. Juni 1769 . Gebuertsdag vun der Marianne Kirchgessner

Keng nei Plaz, dofir awer 700 Gulden

De 4. Juni 1789 kënnt de Wolfgang Amadeus Mozart no enger Rees nees zeréck op Wien.

Komponist a Pädagog

De Carl Orff ass de Komponist vum Mount um radio 100,7.

Vu Kammermusek bis Sinfonie

E Gespréich mam Eugène Prim, dem Generaldirekter vun de Solistes Européens, Luxembourg iwwer dem Orchester seng nei Saison.

De Schüler an Duechter vum Léiermeeschter

Den 3. Juni 1869 bestiid de Georges Bizet sech mat der Geneviève Halévy.

Vu Kammermusek bis Sinfonie

E Gespréich mam Eugène Prim, dem Generaldirekter vun de Solistes Européens, Luxembourg iwwer dem Orchester seng nei Saison.

Maintenance, mathematesch Exercicen an eng nei Saison

E Bléck hanner d'Kulisse vum Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck an Zäite vum Corona.