Radioen

On air

Moiesstudio  |  Marc Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Mir sichen: Marketing Expert:in (Vollzäit)

Joboffer

Mir sichen: Marketing Expert:in (Vollzäit)

De radio 100,7 ass op der Sich no engem/enger Marketing-Expert:in


De radio 100,7 ass de Sender fir Noriichten, Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Als Service public steet en am Déngscht vun der Allgemengheet a gëtt vum politesch an ekonomesch onofhängegen ëffentlech-rechtleche Média de service public 100,7 bedriwwen. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.

An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng:  

Marketing Expert:in (Vollzäit)


Roll:

  • Responsabel fir d’Definitioun an d’Ëmsetze vun enger datebaséierter Marketingstrategie fir d’Marke radio 100,7 an opus 100,7


Tâchen:

  • Definéiere vun der Marketingstrategie vun de Radiosprogrammer, Podcasten, Appen a Websäite vu radio 100,7 an opus 100,7
  • Datebaséiert Ënnerstëtzung vun de Verantwortleche vun Inhalter bei der Definitioun vun neien Offeren an hiren Zilgruppen
  • Erstelle vu Roadmaps an Zäitpläng fir laangfristeg Marketingstrategien
  • An Zesummenaarbecht mat de Verantwortleche fir d’Kommunikatioun an déi digital Kanäl d’Erstellen an d’Ëmsetze vu Campagnen, fir den allgemenge Positionnement ze stäerken an déi spezifesch Zilgruppen ze erreechen
  • Aktiv Notzen an Ausbau vun Analytics-Tools fir Date-gedriwwen Optimiséierungen ze proposéieren
  • Erkenne vun neie Marketingtechnologien, Duerchféierung vun Analysen zur Identifizéierung vun aktuellen Trends, Best practices an Entwécklunge vum Marché


Wéi eng Fachkompetenze siche mir?

  • E Master am Marketing, Journalismus, Commerce, Kommunikatioun o. ä.
  • Beruffserfarung vun op d’mannst 10 Joer, dovunner op d’mannst 5 am Beräich Marketing,  idealerweis mat Fokus op digitale Marketing oder Brand Management
  • Fundéiert Erfarung an der Entwécklung an Ëmsetzung vun organeschen a bezuelte Marketingstrategien
  • Déift Versteesdemech vu moderne Marketingkanäl an -technologien (Analytics, SEO, SEM, Social Media, CRM, Marketing Automation, etc.)
  • Gutt Maîtrise vun digitale Kommunikatiounstechniken an Outilen
  • Redaktionell Kompetenzen an d’Fäegkeet, Inhalt a Format unzepassen
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech), souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch).


Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen? 

  • Sensibilitéit fir journalistesch Aarbecht an Identifikatioun mat de Missioune vun ëffentlech-rechtleche Medien
  • Begeeschterung fir sozial Medien an all aner digital Kanäl
  • Analytesch Fäegkeeten
  • Ausgepräägte Kommunikatiouns- a Presentationsfäegkeeten
  • E léisungsorientéierten Usaz, Eegeninitiativ an Teamwork
  • En ausgepräägte Sënn fir Prioritéiten, eng strukturéiert Aarbechtsweis an Organisatiounsgeschéck


Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • Kuerz Entscheedungsweeër, e kreative Fräiraum an Eegeverantwortung
  • Homeoffice Reegelung
  • Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld

Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 16. Dezember 2024 per Email un rh@100komma7.lu.