Lauschter Lëtzebuerg
De Radio 100,7 gëtt de villfältege Stëmme vum Land eng Plaz fir sech auszedrécken an zesummen eis Geschicht ze erzielen – an eise Wierder, mat eiser Musek.

Lauschteren heescht kucken, fillen, entdecken, verstoen a sech verbannen. Lëtzebuerg nozelauschteren heescht Lëtzebuerg d’Wuert ze ginn an och déi onbequeem Froen ze stellen.

Eis Missioun

De Radio 100,7 ass de Radiosender fir Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Zënter 1993 op Antenn, séchert de Sender de Service public an der Lëtzebuerger Radioswelt. Iwwer seng Internetsäit a seng mobil App bitt de Radio och Informatiounen an Text a Bild. Hei fënnt ee seng Emissiounen ausserdeem an der Mediathéik.

 

Am Ufank war dem Radio 100,7 säin Optrag als soziokulturelle Radio eng spezifesch Nisch ze besetzen. Mam neie Gesetz vun 2022 krut e ganz offiziell d’Missioun, als Generalisteradio all d’Leit zu Lëtzebuerg unzeschwätzen. Méi speziell soll de Radio iwwer national, europäesch an international politesch Aktualitéit informéieren, variéiert Programmer zu sozialen, wirtschaftlechen, kulturellen a sportleche Sujete produzéieren an och déi regional a lokal Aktualitéit ofdecken.

 

D’Programmer Radio 100,7 an opus 100,7, de Sender fir klassesch Musek, ginn am allgemengen Interessi vum Média de Service public 100,7 produzéiert, engem onofhängegen ëffentlech-rechtlechen Etablissement. De Verwaltungsrot ass aus sechs onofhängege Memberen an dräi Staatsvertrieder zesummegesat. Ufank 2023 gouf fir d’éischte Kéier e Member no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot nominéiert.

 

Finanzéiert gëtt de Média de service public 100,7 vun der ëffentlecher Hand aus dem Staatsbudget. Ausser dem Parrainage vun eenzele Sendungen dierf keng Publicitéit op senge Radioe gespillt ginn. Zënter 2015 gëtt dëse Finanzement iwwer pluriannuell Konventioune geséchert. Dëst verhënnert, datt iwwer de Budget d’Onofhängegkeet vun de Journaliste vum 100,7 ënner Drock geréit.

 

Als Service public huet de Radio 100,7 besonnesch Verflichtungen. Esouwuel bei Informatioune wéi bei Meenungsbäiträg a Kommentare muss d’Redaktioun onparteiesch an onofhängeg bleiwen an déi eethesch Normen, Qualitéitsuspréch an d’Wäerter vum Service public respektéieren. Den 100,7 muss zur sozialer Kohäsioun bäidroen, d’Diversitéit vun Iddien a Meenunge reflektéieren an déi demokratesch, sozial a kulturell Bedeelegung vun de Bierger:inne promovéieren.

Zu senger Missioun gehéiert och déi kulturell an artistesch Kreatioun zu Lëtzebuerg an Evidenz ze setzen. Zum Optrag vum 100,7 gehéiert virun allem d’Nolauschterer an d'Nolauschterinnen, am Respekt vun der Wäerter vum Service public, ze ënnerhalen.

Eis Mataarbechter,
Presentateuren an hir Sendungen

Ekipp
Governance Icon

Gouvernance

Gesetz
Loi du 12 août 2022 portant organisation de l’établissement public « Média de service public 100,7 » et portant modification de la loi modifiée du 27 juillet 1991 sur les médias électroniques.

 

    Verwaltungsrot
    De Verwaltungsrot vum Média de service public 100,7 bestëmmt déi allgemeng Strategie vum Medienhaus, engagéiert den Direkter oder d’Direktesch an iwwerwaacht d’Gestioun vum Etablissement esou wéi de Respekt vum gesetzleche Kader.

     

    De Verwaltungsrot huet néng Memberen. Dorënner si sechs onofhängeg Memberen, déi vum Verwaltungsrot selwer virgeschloen a vun der Regierung ernannt ginn. Déi dräi aner Membere si Staatsvertrieder, déi d’Regierung virschléit an ernennt. Fir nei onofhängeg Memberen ze fannen, kann de Verwaltungsrot en ëffentlechen Opruff fir Kandidature maachen.

     

    D’Mandat vun engem/r Verwaltungsrotsmember huet fënnef Joer a kann eemol erneiert ginn.

    De Verwaltungsrot wielt säi President oder seng Presidentin ënner senge Memberen.

     

    De Média de Service public 100,7 gëtt och vun engem/r Regierungskommissär:in iwwerwaacht, deen oder déi mat berodender Stëmm un de Reunioune vum Verwaltungsrot deelhëlt. De Regierungskommissär kann Entscheedunge vum Verwaltungsrot suspendéieren, wa se riskéiere géint Gesetzer, Reglementer, d’Finanzéierungskonventioun oder de Cahier de charges ze verstoussen. Déi Fäll ginn dem Medieminister ënnerbreet.

     

    Verwaltungsrotsmemberen:

    Véronique Faber, Presidentin
    Tania Brugnoni*

    Josée Hansen
    Tom Hermes

    Raphael Kies

    Steph Meyers
    Pierre Reuter
    Paul Leners
    Thierry Zeien*

    Céline Flammang, Regierungskommissärin
    Pia Betz, Verwaltungsrotssekretärin

     

    (*): Staatsvertrieder:in

     

    Koordinatiounsekipp:

    Jean-Lou Siweck, Direkter

    Patricia Weber, Sekretärin a Comptabilitéit

    Yves Stephany, Programmchef

    Jean-Claude Franck, Chefredakter
    Christina Heidt, Vizechefredakterin

    Christiane Kleer, Vizechefredakterin

    Luc Boentges, Responsabel opus 100,7/Klassesch Museksredaktioun 

    Pascal Tesch, Responsabel vum Service Technique
    Semir Demic, Responsabel Kommunikatioun

    Richard Thilmany, Responsabel Ressources Humaines

    Rick Mertens, Koordinatioun Aktuelle Magasinn

    Pia Oppel, Koordinatioun Features

    Jeff Schinker, Koordindatioun Musek&Kultur

    Chris Simon, Koordinatioun Technik-Betrib


    Statut rédactionnel:

    Statut rédactionnel

     

    Strategie 2024-2028:

    Strategie 2024-2028

     

    Reports Icon

    Rapporten

    Rapporte vum Verwaltungsrot

    Publikumsrot Icon

    Publikumsrot

    Publikumsrot

    D’Roll vum Publikumsrot ass et, der Ekipp vum 100,7 en informéierten a kritesche Retour zu de Programmer vun de Radiosender “radio 100,7” an “opus 100,7”, esou wéi den Inhalter vun den Internetsäiten www.100komma7.lu an www.opus.radio ze ginn. De Publikumsrot hëlleft dem 100,7 esou, seng Service public Missioun esou gutt wéi méiglech ze erfëllen.

     

    De Publikumsrot huet zwielef Memberen. Si goufen no engem ëffentlechen Opruff fir Kandidature vum Verwaltungsrot vum 100,7 ernannt. Bei der Selektioun vun de Memberen ass et dem Verwaltungsrot ëm eng gutt gemëschten Zesummesetzung, wat den Alter, d’Geschlecht, d’Regioun vum Land an de sozio-professionellen Hannergrond ugeet, gaangen, awer och ëm eng Mëschung vu ganz treien a méi geleeëntlechen Nolauschterer an Nolauschterinnen. D’Membere vum Publikumsrot sinn an hirem perséinlechen Numm genannt a vertriede keng Organisatiounen oder gesellschaftlech Stréimungen.

     

    D’Grondlag fir e Publikumsrot gouf mam Gesetz vum 22. August 2022 iwwer de Média de service public 100,7 geluecht. De Rot wäert mindestens zwee Mol am Joer zesummekommen. Vum Joer 2026 u wäert all Joer een Drëttel vum Publikumsrot nei besat ginn. D’Kandidate fir d’Mandater vun dräi Joer wäerten iwwer en ëffentlechen Opruff gesicht ginn.

     

    Memberen vum Publikumsrot:

    Renata Santini, Presidentin

    Sofia Vitali Gonçalves

    Catherine Jost

    Charly Krau

    Philippe Majerus

    Nadine Martin

    Gery Oth

    Patrick Pereira

    Benjamin Questier

    Katharina Rausch

    Michèle Schank

    Jo Wildschutz


    Rapport d'activités Publikumsrot:

    Rapport d'activités 2024

    Feedback Icon

    Feedback

    D’Meenung vu sengen Nolauschterer an Nolauschterinnen ass dem Média de service public 100,7 wichteg, ob zu senge Radiosprogrammer oder sengen digitalen Optrëtter. Schreift eis gären Är Froen, Ureegungen, Doleancen, Kriticken, Reklamatiounen oder Äre Luef:

    • elektronesch un d’Email-Adress: feedback@100komma7.lu

    • als Bréif un d’Adress:
      Média de service public 100,7
      Feedback
      B.P. 1833
      L-1018 Luxembourg


    Wann Äre Message sech op eng bestëmmte Sendung bezitt, gitt wgl. den Datum an d’Sendezäit un, wann et ëm en Artikel oder eng Episod op der Internetsäit geet, gitt wgl. den direkte Weblink un.


    Am Kader vum Artikel 7,2. Paragraph, vum Gesetz vum 22. August 2022 iwwer d’Organisatioun vum Etablissement public beäntwert de Média de service public 100,7 all schrëftleche Retour vum Public spéitstens bannent 30 Deeg. Beäntwert gëtt all Schreiwes, bei deem den Numm an d’Adress vum Absender uginn ass. Bei Messagen oder Plainten, déi net schrëftlech an iwwer de Wee vun dëser “Feedback”-Prozedur eragereecht ginn, kann de Média de service public 100,7 kee Suivi a keng Äntwert garantéieren. Beleidegend oder lëmmelzeg Messagë kréie keng Äntwert. 


    Är Date gi vertraulech behandelt. Äre Message kann awer intern am Média de service public 100,7 un déi zoustänneg Verantwortlech weidergeleet ginn. Är Date gi weeder un Drëtter weiderginn nach publizéiert.

    Wéi lauschteren?

    FM & Kabel & DAB+

    UKW 100,7 MHz landeswäit an 95,9 MHz am Norden;
    iwwer déi meescht Kabelreseauen an ab dem 1. Dezember 2025 och op DAB+.

    FM and Kabel

    Livestream & App

    Lauschtert live op 100komma7.lu oder iwwer eis App; och fir Internetradioen a Smart Speaker disponibel.

    Livestream and App

    Podcast & Méi

    Podcasten aus eiser Mediathéik, Radioplayer App (iOS/Android), Spotify, Apple Podcasts an aner Plattformen.

    Podcast and Mei
    Job Offeren

    Kontakt

    • Radio 100,7 :

    • 21a, Avenue J.F. Kennedy
      L-1855 Luxembourg

    • Adresse postale: B.P. 1833
      L-1018 Luxembourg