Editioun 8h15 07.10.2025 - 08h15 Am Tageblatt ass eng weider Episod vun der Serie iwwer rietsextreem Gewalt, dës Kéier steet den Direkter vun der Akerbauschoul am Mëttelpunkt, deen online an offline bedrot gëtt.
Editioun 7h15 07.10.2025 - 07h15 Den Trounwiessel bleift Theema: haut gëtt dem Grand-Duc seng Ried an der Chamber analyséiert, awer och d'Musek um Fest samschdes an d'Dispensen, déi an de Schoulen ugefrot goufen.
Editioun 8h15 06.10.2025 - 08h15 Ass de Lëtzebuerger Schoulsystem um Enn? Déi Fro gëtt haut am Wort analyséiert an den Educatiounsminister kritt virgehäit, de Lëtzebuerger Schoulsystem ze frankofoniséieren.
Editioun 7h15 06.10.2025 - 07h15 Den neie Grand-Duc kënnt an den Zeitungen de Moie gutt un, och wann d'Monarchie ëmmer erëm kritiséiert gëtt, esou schéngt de Guillaume awer d'Kritiker calméiert ze hunn.
Editioun vum Weekend 04.10.2025 - 08h15 An der nationaler Press dominéiert nach ëmmer den Trounwiessel vu gëschter.
Editioun vun 08:15 03.10.2025 - 08h15 Wéi gëtt den Trounwiessel haut an deenen eenzelen Dageszeitunge kommentéiert, dat ass zentraalt Theema haut an der Presserevue.
Editioun 07:15 03.10.2025 - 07h15 Wéi gëtt den Trounwiessel haut an deenen eenzelen Dageszeitunge kommentéiert, dat ass zentraalt Theema haut an der Presserevue.
Editioun 08:15 02.10.2025 - 08h15 Pro a Kontra Monarchie, Gadgete fir den Trounwiessel an d'Fro vun de Käschten, dat sinn eis Theemen an der Presserevue.
Editioun 07:15 02.10.2025 - 07h15 Den Trounwiessel mat all senge Facetten, de Präis vun de Feierlechkeeten an d'Beléiftheet vun der Monarchie, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 8h15 01.10.2025 - 08h15 D'CSV an de Premier Luc Frieden stinn an de Sondagen net gutt do an d'DP a virun allem de Xavier Bettel géifen dat ausnotze fir sech ze profiléieren: de Xavier Bettel wier zeréck.
Editioun 7h15 01.10.2025 - 07h15 Jidderee schwätzt iwwer den Trounwiessel, iwwer seng Relatioun mam zukünftege Grand-Duc Guillaume: de Luc Frieden, d'Yuriko Backes, d'Scouten oder och d'Kënschtler vu Richtung 22.
Editioun 8h15 30.09.2025 - 08h15 Den LCGB gesäit de Sozialmodell um Enn, et gëtt Kritik um Konzept fir schoulfräi unzefroe fir den Trounwiessel an d'Police beschwéiert sech, well d'Aggressioune staark klammen.
Editioun 7h15 30.09.2025 - 07h15 An den Zeitunge gi Quote fir d'Gemenge gefuerdert fir Flüchtlingen opzehuelen an et gi Fäll gemellt, wou Leit aus dem rietsextreemen Eck Bierger:innen, déi si kritiséiere, bedroen.
Editioun 8h15 29.09.2025 - 08h15 Den Trounwiessel ass e grousst Theema dës Woch an den Zeitungen, donieft bleift och d'Diskussioun ronderëm d'Recht op Ofdreiwung an ob dat soll an d'Verfassung kommen, en Theema.
Editioun 7h15 29.09.2025 - 07h15 Recht oder Fräiheet op Ofdreiwung: och haut ass déi Fro, wéi en Term an d'Verfassung soll verankert ginn, en Theema an den Zeitungen.
De Bléck an d'Zeitungen 27.09.2025 - 08h15 D'Zeitunge schreiwen iwwer de Sträit mat den Dokteren, iwwer de Grand-Duc an de Fraefussball.
Editioun 08:15 26.09.2025 - 08h15 Politiker viru Geriicht, Diskussiounen ëm Cancel Culture an eng zweegleiseg Ëmweltpolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 07:15 26.09.2025 - 07h15 Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, e Minister op der Uklobänk an Intransparenz beim ONA, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 08:15 25.09.2025 - 08h15 18 Prozent Aarmut zu Lëtzebuerg, e Bilan vun der Nordstrooss an d'Absurditéit vun der Logementspolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 07:15 25.09.2025 - 07h15 Trauer ëm den TICE, ee Bilan vun der Nordstrooss an d'Absurditéit vun der Logementspolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.