arrow_back_ios

Al Schanken

1968

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

1968 huet de Summer of love vum Virjoer vill vu sengem Ufankscharme verluer, d’Zäite sinn däitlech méi rau ginn: mat weltwäite Protester géint de Vietnamkrich, dem Muerd um schwaarze Biergerrechtler Martin Luther King, mat Studentenonrouen/Mee 68, dem brutalen Enn vum Prager Fréijoer, ...) - an d’Musek passt sech dësem gesellschaftlechen Ëmbroch un.

Niewent dem brave Schlager, deen u méi konventionelle Wäerter festhält, brécht den elektresche Rock mat ville gewinnten Traditiounen, léisst en zolitte Schotz Psychedelic mat afléissen, setzt op iwwerraschend Soundeffekter a weist Freed um Experimentéieren ... a kritt esou ëmmer méi Afloss um Museksmaart.


Playlist:

1. Canned Heat - On The Road Again (Album: Boogie With Canned Heat)

2. Steppenwolf - The Pusher (Steppenwolf)

3. Electric Flag - Killing Floor (A Long Time Comin’)

4. Jimi Hendrix - All Along The Watchtower (Electric Ladyland)

5. The Crazy World Of Arthur Brown - Fire (The Crazy World Of Arthur Brown)

6. Ten Years After - Standing At The Crossroads (live) (Undead / CD Version 2002)

7. Ten Years After - I’m Going Home (live) (Undead)

8. The Lemon Pipers - Green Tambourine (Green Tambourine)

9. The Small Faces - Tin Soldier (There Are But Four Small Faces)

10. The Zombies - Time Of The Season (Odessey And Oracle)

11. The Move - Flowers In The Rain (live) (Live At The Marquee Club)

12. The Move - So You Want To Be A R ’n’ R Star (live) (Live At The Marquee Club)

13. The Move - Piece Of My Heart (live) (Live At The Marquee Club)

14. The Beatles –-Why My Guitar Gently Weeps (The Beatles)

15. The Beatles - Sexy Sadie (The Beatles)

Episoden

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Jones Gang & Jeff Beck live

Zwou Rock Ikonen am Concert
headphones

184 min

play_arrow

Let’s groove!

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass an dëser Stonn omnipresent ...
headphones

184 min

play_arrow

Soul and Funk

De Grëff an déi musikalesch Archivkëscht geet dës Kéier a Richtung Soul a Funk ...Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen.
headphones

184 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Ben Harper live

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden ...
headphones

60 min

play_arrow

The Stranglers live

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun.
headphones

60 min

play_arrow

Psych Pop a Space rock

Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn zwee Pionéier vum Space rock op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

Dear Jerry

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesumme fir un hien ze erënneren.
headphones

60 min

play_arrow

Lemmy’s side project

headphones

60 min

play_arrow

Klangwelten

Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, Zäit fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

Lou Reed live

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘.
headphones

60 min

play_arrow

Golden Earring live

Déi hollännesch Band gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021. Dräi vun hiren éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
headphones

60 min

play_arrow

Guns N’ Roses live

An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co. um Kierchbierg den 28. Juli.
headphones

60 min

play_arrow

Mad Dogs and Englishmen

Mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, eng ustrengend an deier Tour.
headphones

60 min

play_arrow

In concert

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
headphones

60 min

play_arrow

Fluid architecture

D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn.
headphones

60 min

play_arrow

Technicolour Dreams

Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen.
headphones

60 min

play_arrow

The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner

Déi US-brittesch Band The Pretenders, 1978 gegrënnt, haten éischt Hallschent vun den 80er weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
headphones

60 min

play_arrow

Jerry Garcia live

De Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead huet och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht, laang Stécker, mat villen Improvisatiounen.
headphones

60 min

play_arrow