Nei Musek
80. Gebuertsdag
Fir den 80. Gebuertsdag vum ungaresche Komponist Peter Eötvös hat den Orchestre Philharmonique de Radio France e grousse Concert geplangt, un deem den Eötvös awer net deelhuele konnt, well hie scho krank war. Zwee Méint drop, am Mäerz dëst Joer, ass hie gestuerwen. An esou war dee Concert e leschte groussen Hommage un dëse Komponist, mat zwee Chouerwierker, Treize Haikus an Hallelujah Oratorium Balbulum, an dem Concerto fir Harf an Orchester mam Xavier de Maistre.
Dëse Concert gouf den 18.01.2024 am Auditorium vu Radio France zu Paräis opgeholl a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt de Concert bis den 2. Juli an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Um Programm:
Peter Eötvös:
13 Haïkus
Solitude - In memoriam Kodály
Concerto fir Harf an Orchester
Hallelujah - Oratorium balbulum
Interpreten:
Xavier de Maistre, Harf
Lambert Wilson, Erzieler
Katharina Kammerloher, Mezzosopran
Artavazd Sargsyan, Tenor
Hélène Collerette, Gei
Maîtrise de Radio France, Sofi Jeannin (Dirigent)
Chœur de Radio France, Lionel Sow (Dirigent)
Orchestre Philharmonique de Radio France, Gergely Madaras (Dirigent)
Presentéiert vum
- Remy Franck