Klassik Aktuell
Absolute Jest
6 min
E Concerto net fir ee Soloinstrument, mee fir en Ensembel zesumme mat engem Orchester. Dat steet e Freideg an der Philharmonie op der Affiche, wann de Quatuor Ebène zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker dem John Adams säi Wierk Absolute Jest interpretéiert. Fir den Ensembel ass dëst Wierk eng Première, op déi sech déi véier Museker ganz besonnesch freeën, wéi de Geiist Gabriel Le Magadure dem Luc Boentges verroden huet.
Niewent dem John Adams senger Kompositioun "Absolute Jest“ stinn och dem Aleksandr Scriabine seng zweet Sinfonie an dem Igor Stravinsky seng Pulcinella-Suite um Programm. Weider Informatiounen dozou, fënnt een och iwwer de Site www.opus.radio.
Presentéiert vum
- Luc Boentges