Klassik Aktuell
E Poppentheater mat Musek vum Händel
7 min
D'Pastoraloper Acis and Galatea vum Georg Friedrich Händel gëtt dëse Sonnden, 18. Februar um 17 Auer am Mierscher Kulturhaus am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette gespillt. Mat dobäi ass den tschecheschen Ensemble Collegium Marianum, deem seng Spezialitéit d'Musek aus dem 17. an 18. Joerhonnert ass. Den Highlight vum Owend ass awer Buchty a Loutky, e Prager Marionettentheater deen d'Wierk vum Händel op eng ganz kreativ Aart a Weis neiinterpretéiert. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit d'Jana Semerádová, Dirigentin a Flüttistin am Ensembel, ënner anerem wat esou besonnesch un där Opféierung ass a wéi een eng traditionell Oper fir e Poppentheater adaptéiert.
Presentéiert vum
- Marie Trussart