Al Schanken
Al Schanken
60 min
Den Hollänner Herman Brood (5.11.1946-11.07.2001) huet zäitliewens eng Karriär op der Iwwerhuelspuer geféiert - mat Rock ‘n‘ Roll am uptempo, mat Kompositiounen iwwer d’Léift an allerhand Hëllefsmëttele fir iwwer d’Ronnen ze kommen a mat senger Band Wild Romance, déi vun zwee Topgittaristen ugeféiert gouf, mol vu sengem Landsmann David Hollestelle, mol vum Belsch Dany Lademacher.
Ugefaangen huet hien als Pianist bei der hollännescher Bluesband Cuby and the Blizzards, 1976 koum et zur Grënnung vun der eegener Band. Zesummenaarbechte gouf et ë. a. mat der Nina Hagen a Lena Lovich, méi spéit mam E-Street-Saxofonist Clarence Clemons (Album “Freeze”).
A ville Lidder gräift den Herman Brood d’Theema Drogen op (“Rock ‘n‘ Roll Junkie”, “Speedo”, “Dope Sucks”, “Hot Shot” …) - an déi haten hien esou intensiv am Grëff, datt hie sech am Alter vu 55 Joer d’Liewe geholl huet. Och als Moler vu faarwekräftege grelle Wierker bleift de Papp vu véier Kanner an Erënnerung.
Playlist:
Jerry Garcia Band - Deal (live) (Jerry Garcia Band, 1991)
Quicksilver Messenger Service - Don’t Lose (Comin’ Thru, 1972)
Manassas - The Treasure (Manassas, 1972)
Herman Brood - R&R Junkie (live) (Saturday Night Live!, 1992)
Herman Brood - It Ain’t The Gun (live) (Saturday Night Live!, 1992)
Herman Brood - Saturday Night (live) (Saturday Night Live!, 1992)
Herman Brood - Sleepin’ Bird (live) (Saturday Night Live!, 1992)
Black Crowes - Wiser Time (acoustic version) (Croweology, 2010)
Crosby & Nash - Don’t Dig Here (Crosby & Nash, 2004)