Al Schanken
Al Schanken
Quadrophenia ass en Duebelalbum vun der brittescher Band ‚The Who‘ a gëtt als Rockoper bezeechent: si erzielt d’Sich no enger eegener Identitéit vum jonken Haaptprotagonist Jimmy Ugangs/Mëtt de Sechzeger Joren an England. Eng Stäip erhofft hien sech an der Mod-Zeen – hei begéine sech déi méi ‚propper‘ Jugendlech aus Ënner- a Mëttelschicht, déi sech vun de raue Rockergangs an der biergerlech-konservativer brittescher Gesellschaft ofgrenzen.
De Gittarist Pete Townsend huet sämtlech 17 Lidder vum Album komponéiert, zum Deel mat opwännegen Arrangementer déi live schwéier ze spille waren. Am Studio goufen dofir eng sëllege Bandmaschinnen mat special effects benotzt. Eng éischt Tourn;e no der Album-Sortie am Oktober 1973 war manner erfollegräich, wëll d’Zesummenaarbecht tëschent Museker an opgezeechenter Technik dacks net geklappt huet.
Quadrophenea gouf 1979 ënnert de Regie vum Franc Roddam erfollegräich verfilmt. D’Museker selwer dauchen am Film allerdéngs net op.
D’Playlist vun haut:
01) The Real Me
02) Quadrophenia
03) Is It In My Head
04) 5:15
05) Love, Reign O’er Me
06) Sea and Sand (live)
07) Drowned (live)
08) Doctor Jimmy (live)
09) I’ve Had Enough
10) Bell Boy
Sämtlech Studioopnamen si vum Duebelalbum ‘Quadrophenia‘ (1973, Label: Atlantic), déi 3 Live Tracks vum duebele ‘Quadrophenia live in London’ (2014, Label: Universal).