Klassik Aktuell
Allerhand Dicksereien an der Philharmonie
Nächsten Dënschden (24.10) ass an der Philharmonie e Concert ënnert dem Numm «Edmond!» 200 Joer Dicks. De Serge Tonnar an de Georges Urwald lueden op eng Rees duerch dem Edmond de la Fontaine säi Liewen. Begleet vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Baguette vum Ivan Boumans gi bekannten a manner bekannte Lidder, esou wéi nei Kompositioune vum Duo gespillt. D'Marie Trussart huet mam Serge Tonnar doriwwer geschwat, firwat dem Dicks säi Wierk bis haut aktuell bleift, wat fir eng Bedeitung den Dichter a Komponist fir d'Kulturierwen a fir hie perséinlech huet.
Presentéiert vum
- Marie Trussart