Al Schanken
Back to the seventies (1/2): 1970-1974
60 min
Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider. An den Ale Schanken ass et hei eng Auswiel aus de Joren 1970-1974, déi nächst Emissioun ass et dann eng Selektioun vun 75-79.
Dës Kéier ë. a. mat derbäi de brasilianesche Pianist Eumir Deodato, deen eng klassesch Kompositioun vum Richard Strauss aus dem Joer 1886 duerch den Jazzfunk-Wollef dréit, déi nordenglesch Formatioun Prelude, déi den Neil Young a capella covert, Roxy Music mam Kreativduo Bryan Ferry/Brian Eno, déi éiweg jonk Rolling Stones oder och dem Ozzy säin Duerchbroch mat „Paranoid“ - dëst Wuert daucht iwwregens am ganze Lidd net op ...
Playlist:
1. Eric Clapton - After Midnight (Album: Eric Clapton, 1970)
2. Black Sabbath - Paranoid (Paranoid, 1970)
3. Guess Who - American Woman (American Woman, 1970)
4. Status Quo - Mean Girl (Dog Of Two Head, 1971)
5. The Rolling Stones – Bitch (Sticky Fingers, 1971)
6. Hawkwind - Silver Machine (single, 1972)
7. Roxy Music - Virginia Plain (single, 1972)
8. T.Rex - Telegram Sam (The Slider, 1972)
9. The Doobie Brothers - China Grove (The Captain And Me, 1973)
10. Stealers Wheel - Stuck In The Middle With You (Stealers Wheel, 1972, single release 1973)
11. Deodato - Also Sprach Zarathustra (2001) (Prelude, 1973)
12. Prelude - After The Gold Rush (Dutch Courage, 1974)
13. Jethro Tull - Skating Away On The Thin Ice Of A New Day (War Child, 1974)
14. Bad Company - Can’t Get Enough (Bad Company, 1974)
15. Average White Band - Pick Up The Pieces (AWB, 1974)