Al Schanken
Bob and Jesus
60 min
Et geet an dëser Stonn ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (Columbia Records, 1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet an op där hie säin nei entdeckte Glawen als musikalesche Priedeger ënner d’Leit bréngt.
Sech selwer bezeechent hien dobäi als “New born Christian”, dat wäert och de Fall si fir zwee weider Wierker “Saved” (1980) a “Shot Of Love” (1981). Mam Album “Infidels“ sinn et zwee Joer duerno erëm méi weltlech Theemen, déi de Museker beschäftegen.
Sämtlech néng Lidder aus “Slow Train Coming“ stinn op der Playlist.