Klassik Aktuell
Catch Music Festival
9 min
Vum 26.-28. Abrëll ass déi 3. Editioun vum Catch Music Festival am Centre Culturel zu Bouneweg. Gegrënnt vun der Pianistin Cathy Krier an der Geiistin Laurence Koch, huet de Catch Music Festival een Zil: Déi lëtzebuergesch Kammermusekszeen dem Public méi no bréngen. Am Gespréich mam Marie Trussart hunn d'Laurence Koch an d’Tresorière vun der asbl Michèle Schneider e Bilan vun der leschter Editioun an hu verroden, wat de Public erwaart a firwat Kammermusek als Format besonnesch gëeegent ass fir engem méi breede Public klassesch Musek méi no ze bréngen.
Presentéiert vum
- Marie Trussart