Panorama
Owes-Panorama
10 min
1. Bal 284 Dausend Leit sinn um 8. Oktober fir d’Chamberwale walberechtegt, esou de Staatsministère. 25 Prozent vun de Walberechtegten hunn d’Bréifwal ugefrot
2. D’Lëtzebuerger Regierung ass dergéint, datt d’Autorisatioun vum Herbizid Glyphosat op EU-Niveau ëm zéng Joer verlängert gëtt. Haut hunn d'Vertrieder vun de 27 EU-Memberlänner eng éischte Kéier doriwwer diskutéiert
3. Bei engem Verkéiersaccident op der A1 Richtung Lëtzebuerg ass eng Persoun gestuerwen. Fënnef weider Persoune goufe blesséiert
4. An der EU ass d’Zuel vun den Asyldemanden am Juni am Verglach mam selwechte Mount zejoert däitlech geklommen. An der Europäescher Unioun ass d’Zuel vun den Asyldemanden am Juni am Verglach mam selwechte Mount zejoert däitlech geklommen. Et si 25 Prozent méi wéi am Juni 2022
5. Den Irlänner Ben Healy wënnt haut déi drëtt Etapp am Tour du Luxembourg.