Klassik Aktuell
D‘Catherine Kontz an d‘Annea Lockwood iwwer de rainy days
“rainy days” - dee grousse Festival fir zäitgenëssesch Musek hei zu Lëtzebuerg. Dëst Joer ass en op véier Deeg verdeelt, mat iwwer 30 Events an der Philharmonie - gëschter (16.11.) ass et lassgaangen, a bis de Sonndeg kann een an der Philharmonie nach villes entdecken.
Déi artistesch Direktesch ass d’Lëtzebuerger Musekerin Catherine Kontz. De Programm geet vu Concerten iwwer Installatioune bis zu Talks mat Museker:innen. Eng Installatioun, déi bis de Sonndeg an der Philharmonie ze entdecken ass, ass “For Ruth”, vun der Annea Lockwood, als Undenken un hir Liewenspartnerin a Musekerin Anna Ruth, déi 2019 verstuerwen ass.
D’Marie Schockmel ënnerhält sech mat der Catherine Kontz an der Annea Lockwood.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel