Klassik Aktuell
De Bach an déi italieenesch Musek
Als jonke Komponist huet de Johann Sebastian Bach eng Passioun fir déi italieenesch Musek entwéckelt. Dës Begeeschterung huet sech och a sengen eegene Kompositiounen néiergeschloen. Bei engem Concert, de 7. Dezember am Stater Conservatoire, proposéiert den Cembalist Alessandro Urbano e ganze Programm mat Wierker vum Bach, aus deenen een déi italieenesch Influenz eraushéiere kann.
De Luc Boentges huet mam Alessandro Urbano iwwer den Afloss vum italieenesche Stil beim Bach geschwat, genee esou wéi iwwer d'Tatsaach, datt de Bach ni an Italie war.
Presentéiert vum
- Luc Boentges