arrow_back_ios
Fräie Mikro
De Client ass net méi de Kinnek
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Trist Geschäftsstroossen, seriëméisseg Wueren, eidel Butteker: An de Lëtzebuerger Stied verschwënnt lues a lues deen traditionelle Commerce. Bei verschidde Firme gëtt de Service um Client op e Minimum reduzéiert, den elektroneschen Handel fëllt d’Lacune vum Akafsnetz aus der Noperschaft. Dëst ass eng Tendenz, déi Froen opwerft, mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse.