Fräie Mikro
Den C an den S
4 min
Déi Fro stelle sech munch Leit mam Bléck op d’Heescheverbuet a mam Ëmgank mat der Klimakris. Vill Bierger, déi am Geescht vun der chrëschtlecher Nächsteléift erzu goufen, a vill anerer, déi mam Chrëschtentum näischt um Hutt hunn, hunn an de leschte Wochen drun erënnert, datt en Heescheverbuet mam Chrëschtentum net kompatibel ass. Jo, et gëtt eng Klimakris, huet de Premier Luc Frieden gesot, mee et presséiert net fir dergéint virzegoen. Och dat gëtt der Urgence vun der Situatioun net gerecht. Woufir also nach den C an den S am Numm der Partei? Déi Fro stellt sech de Michel Pauly, Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum a sengem Fräie Mikro.