Al Schanken
Den Eddie Palmieri
60 min
Den New Yorker Pianist a Bandleader Eddie Palmieri (* 15.12.1936) zielt zu de grousse Staren am Beräich Latin Jazz. D’Salsa-Rhythme si bei him omnipresent. Eng éischte Kéier mat eegener Band (La Perfecta) stoung hien 1962 am Studio, bis haut zielt seng Diskographie eng 40 Albumen.
Ufanks de 70er Joren huet den Eddie zesumme mat sengem Brudder Charlie d’Formatioun Harlem River Band an d’Liewe geruff ... a mat knackegem Soul a Funk iwwerrascht, deen dem Jazz bäigemëscht gouf. Eng etlech vun de Matmuseker koumen deemools aus dem Ëmfeld vun der Aretha Franklin. Zesummen hunn si ë. a. e Live-Album am New Yorker Prisong “Sing Sing” opgeholl.
Den Eddie Palmieri huet bis haut siwe Grammye gewonnen, säi bis ewell leschten Album (“Sabiduria”) koum 2017 eraus.
Playlist:
1. Harlem River Drive - Seeds Of Life (Harlem River Drive, 1971)
2. Harlem River Drive - Idle Hands (Harlem River Drive, 1971)
3. Terry Callier - Timepeace / No One Has To Tell You / Build A World Of Love (Timepeace 1998)
4. Mercury Rev - Holes (Deserter’s Songs, 1999)
5. Wooden Shjips - Already Gone (V , 2018)
6. Van Morrison - Astral Weeks / I Believe I’ve Transcended (live) (Astral Weeks Live At The Hollywood Bowl, 2009)
7. Van Morrison - Ballerina / Move On Up (live) (Astral Weeks Live At The Hollywood Bowl, 2009)
8. Remo Cavallini - Voodoo Child (Self Control, 2014)