Klassik Aktuell
DialoRgue
9 min
Et ass en haart Instrument, an awer gesäit een net esou dacks, wéi et gespillt gëtt. Dat muss awer net esou bleiwen. An der Serie DialoRgue zu Diddeleng an der Kierch kann de Public mat op den Duxall kommen, de Presentateuren nolauschteren a Froe stellen.
De Christophe Mirkes huet mam Alessandro Urbano, Initiateur vun der Serie DialoRgue, geschwat an nogefrot, wat de Public an dëser Saison erwaart. Et ginn nämlech net nëmmen Erklärungen zu Wierker oder zur Uergel. Och dem Organist seng mental Ustrengunge beim Spille ginn dëst Joer thematiséiert.
Den éischten DialoRgue ass sonndes, den 21. Januar, mëttes um 4 Auer an der Kierch zu Diddeleng. Hei geet et ëm Musek fir Uergel vum Franz Liszt.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes