Klassik Aktuell
Dialogs in Space
9 min
Muer den Owend (21.6.) ginn am Mierscher Kulturhaus direkt zweemol de Scarlatti an de Purcell revisited: eng Kéier owes um halwer siwen, an eng zweete Kéier um aacht Auer. Hei gëtt Barockmusek mat Musek vun de Beatles, vum Berio a vum Avison verbonnen. D'Kombinatioun vu barocken Instrumenter, barocker Musek an dem Klang vum Luxembourg Saxophone Ensemble (deen aus Instrumenter besteet, déi eréischt 200 Joer nom Barock entstane sinn), ass net dat eenzegt Experiment bei dëse Concerten. Et geet och dorëm, de Raum ze exploréieren, ënner anerem duerch Elektroakustik.
D'Marie Trussart huet sech mam Hy-Khang Dang, dem kënschtleresche Leeder vun Dialogs in Space a Member vum Luxembourg Saxophone Ensemble, ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes