Fräie Mikro
E Rappel fir d'Mëtt
4 min
Besonnesch fir Migranten a Migrantinnen a Mënschen, déi flüchte mussen, ass eng rietspopulistesch Politik katastrophal. Och Mënschen, déi net de geschlechtlechen a sexuellen Normen entspriechen, dat heescht, sech als cis Mann oder cis Fra an als heterosexuell identifizéieren, spieren de Rietsruck. Ënner anerem Fraerechtsorganisatioun, déi sech géint geschlechtsbaséiert Diskriminéierung asetzen, bekloen, si géifen déi Bedroung ëmmer méi däitlech spieren. Et brauch eng staark Mëtt, fir datt et net zur Katastroph kënnt, mengt d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender.