Klassik Aktuell
E volle Concertsweekend am Éislek
7 min
De Klenge Maarnecher Festival ass dëst Joer erëm amgaangen zanter dem 23. Mäerz. Dëse Weekend ginn et direkt dräi Concerten a Kierchen am Norden. Dat Besonnescht: et gëtt net nëmme Musek ze entdecken, mee och d’Geschicht an den Dekor vun de Kierchen, ënnert anerem zu Eschweiler an zu Sëll.
Bei zwee vun de Concerte spillt den Ensembel Ad Libitum Barockmusek, zesumme mat enger Sängerin an engem Sänger vu Lëtzebuerg. Dat ass, wéi de Romain Kremer seet, e “Concert deen ënnert d’Haut wäert goen”. Um drëtte Concert spillt dann en Duo mat enger Geiistin an enger Pianistin Geiesonate vum Beethoven. Detailer huet de Romain Kremer, den artisteschen Direkter vum Festival, dem Marie Schockmel verroden.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel