Klassik Aktuell
Eis Coups de coeure vum Joer
1. D'Chronatic Quartett reinterpretéiert dem Saint-Saëns säi Carnaval des animaux. Ënner dem Motto “Classic Rocks Pop” an op hir ganz perséinlech, modern Art a weis maache si eng grouss Dier a Richtung d'Klassik op.
2. Album vun der Staatskapelle Weimar an dem Kirill Karabits. En tranzendentaalt Erliefnes, an dat op verschiddenen Niveauen: Klanglech, thematesch a kompositoresch.
3. 100 Prozent Energie a Spillfreed - vun de Schwësteren Danae a Kivali Dörken. Zwou Pianistinnen, zwou Perséinlechkeeten - ganz passend zu hirem Album “Apollo & Dionysus” - Musek iwwer zwou Gottheeten, déi net méi ënnerschiddlech kéinte sinn.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel