Haut op Niklosdag wäerte ganz vill Kanner och Schockela op hiren Tellere leien hunn. Zanter Laangem scho gehéiert de Schockela zu Niklosdag a besonnesch mam Schockelas-Kleesche sinn d‘Kanner frou.
D'Theema op Kleeserchersdag ass de Schockela. De Jean Claude Majerus mellt sech aus engem klenge Schockelas-Buttek, mat deem seng Proprietärin Monique Kunnert sech en Dram erfëllt huet. Fir si ass et wichteg, datt hire Schockela och eethesch an deontologesch ze vertrieden ass.