Klassik Aktuell
En Owend voller Premièren
4 min
Déi schweedesch Sopranistin Elisabet Strid erlieft haut den Owend direkt méi Premièren. Et ass hir éischt Visitt zu Lëtzebuaerg, hiren éischten Optrëtt an der Philharmonie, hir éischt Kooperatioun mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, a si mécht och nach hiren Debut mat der “Opferszene” vun der Brünnhilde aus der Oper “Götterdämmerung” vum Richard Wagner.
An dee Concert iwwerdréit de radio 100,7 live aus der Philharmonie, haut, 26. Januar, owes um hallwer 8.
D'Elisabet Strid ass bekannt fir hir Interpretatioune vun den Opere vum Richard Wagner a vum Richard Strauss. Fir hir Stëmm virun engem Concert ze preparéieren, huet si e speziellt Gerät, mat deem si wäissen Damp anotemt. Doriwwer, an och iwwer hir grouss Leidenschaft fir d'Musek vum Wagner, verréit d'Elisabet Strid méi am Interview beim Christophe Mirkes.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes